Aussprooch "ch" (A1-A2)
Poterkëscht vum INLL - Un pódcast de Poterkëscht
Categorías:
Wëllkomm zeréck an der Poterkëscht! Haut erklären mir d’Aussprooch vum “ch”. Wéini soe mir [χ] a wéini soe mir [ɕ] ? - Transkript: A: Wéi schwätzt een dat Wuert aus? B: Buch. A: An dat? B: Bicher. A: Mee, firwat “Buch” a firwat “Bicher”? B: Also: “Bicher” ass de Pluriel vu “Buch”. An et gëtt och glécklecherweis eng Reegel, wéini mir [χ] a wéini mir [ɕ] soen. Wa virun dem “ch” en “a”, en “o” oder en “u” ass, da soe mir [χ]. ach, och, uch So eng Kéier: ach, och, uch A: ach, och, uch B: Gutt. Hei si Beispiller: Kach, nach, kachen, aacht, maachen A: Kach, nach, kachen, aacht, maachen B: och, Woch, Wochendag, Mëttwoch, Sprooch A: och, Woch, Wochendag, Mëttwoch, Sprooch B: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen A: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen B: Gutt! A: Ok. Gëtt et Exceptiounen? B: Wéi ganz oft gëtt et och hei Ausnamen. Wéi zum Beispill bei Wierder aus dem Franséischen: Tâche, Cauchemar, accouchéieren, Grand-Duché Sou. Wa virun dem “ch” en “i”, en “e” oder en “ä” ass, da soe mir [ɕ]. ich, ech, äch - “äch” mat “a Treema, c, h” oder “ech” mat “e,c,h” So eng Kéier: ich, ech, äch A: ich, ech, äch B: Gutt. Beispiller: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnersträichen, Gespréich, Noriichten A: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnersträichen, Gespréich, Noriichten B: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen A: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen B: Kächin, erwächen, Becher, schlecht, Recht A: Kächin, erwächen, Becher, schlecht, Recht B: Tipptopp! Opgepasst! Meeschtens, wann hannert dem “ch” en “s” steet, da prononcéiere mir den “ch” als [k]. Beispiller: Dachs, Ochs, nächst, Nächsten, sechs, Béchs, Schongwichs, Mee och hei ginn et Ausnamen. Mir maachen dat just, wann den “s” en Deel vum Wuert ass. Ausname sinn zum Beispill: du kachs, mëttwochs, du brauchs, Besuchszäit, du sichs, du gläichs, du méchs, asw. So zum Schluss elo nach eng Kéier d’Reegel: ach och uch ich ech äch A: ach och uch ich ech äch B: Perfekt! A: Cool Merci fir d’Explikatiounen! B: ‘t ass gär geschitt!
