Um Flughafen 2: Vun enger Vakanz erzielen (A2)
Poterkëscht vum INLL - Un pódcast de Poterkëscht
Categorías:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi dem João an dem Sofia seng Vakanze waren.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Vun enger Vakanz erzielenJoão: O Sofia, scho rëm du! Wat eng Iwwerraschung! Wéi geet et dir? Sofia: Mir geet et gutt, merci. Wéi geet et dir? Wéi war deng Vakanz? João: Super! Mir waren, wéi geplangt, a Portugal bei meng Famill. D’Kanner hu sech esou gefreet hir Grousseltere rëmzegesinn. A bei dir? Wéi war Thailand? Sofia: Fantastesch! Et war eng richteg cool Erfarung. Bangkok war hektesch, mee spannend, an d’Insel war wéi e Paradäis. João: Dat kléngt wonnerbar. Wéi war et mam Iessen? Hues de de Pad Thai probéiert? Sofia: Natierlech! An och gréng Curryen, Mango Sticky Rice an déi frësch Kokosnoss direkt um Strand. An et war alles esou bëlleg! João: Wow! Dat klengt mega! Bei eis gouf et och ëmmer gutt z’iessen: meng Mamm huet fir eis hir berüümte Bounenzopp preparéiert a mir hu bal all Moie Pastéis de Nata giess. Ech mengen, ech hunn zwee Kilo bäigeholl. Sofia: Ech och, obwuel ech vill Yoga gemaach hunn. D’Rou op der Insel huet mir wierklech gutt gedoen. João: Du has och erzielt, datt s du och e Massagecours maache wäerts. Sofia: Genau! D’Formatioun huet dräi Deeg gedauert an ech krut souguer en Zertifikat. A wéi war et mat dengen zwee Kanner? Net ze stresseg? João: Am Ufank e bëssen, mee si hu sech schnell ugepasst. Si hu Sandbuerge gebaut, war schwammen, hu mat anere Kanner gespillt an natierlech gouf et och all Dag eng Glace. Sofia: Dat kléngt herrlech. Ech hunn och nei Leit kennegeléiert, dorënner eng Norwegerin an en Australier. Mir sinn zesummen en Tempel a Räisfelder kucke gaangen an elo si mer Kolleegen op Instagram. So, du an deng Fra wollt jo wandere goen, wéi war dat? João: Effektiv, mir wollten eng kleng Auszäit huelen, mee meng Fra hat leider eng Mogripp an do ass dat Ganzt an d’Waasser gefall. Sofia: O nee, dat ass awer wierklech Schued. João: Jo, sou ass dat halt, verschidde Saache kann een net virausgesinn. Mee mir haten trotzdeem eng schéin Zäit. Sofia: Dat ass dat Wichtegst. So ech wollt deemnächst a Portugal reesen, vläicht kanns du mir jo e puer Tipps ginn. João: Kloer! E schécken dir e puer Linke mat Plagen, Wanderungen, Restauranten a schéine Plazen. Sofia: Dat wier super! Merci.
